TRANSPORT
MAM BUS
Den Arrêt "Haut-Martelange, Leekoll" läit op 100 Meter vum Festival. Domat bréngt Iech de Bus bis praktesch virun d’Dier. Den Arrêt gëtt vu folgende Linnen ugefuer:
141 Wiltz - Harlange - Haut-Martelange
901 Luxembourg-Tentange-Martelange
Dir fannt HEI déi verschidden Auerzäiten vum LATE NIGHT BUS deen de Koll an Aktioun ufiert!
Vun der Areler Gare aus
950 bis "Colpach-Bas, Schlass".
Dann 901 Richtung "Martelange, Gare".
Iwwert de Link hei drënner fannt Dir weider Informatiounen zum ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg.
MAM VËLO
De Koll An Aktioun ass iwwer d’ Netzwierk vun de Vëlospiste gutt ze erreechen. Iwwert eng fréier Eisebunnsstreck féiert d’Vëlospist PC18 direkt laanscht de Site vum Festival. Ënner anerem iwwert follgend Piste kann ee mam Vëlo op de Festival gefuer kommen.
via Luxembourg : PC1 - PC13 - PC12 - PC17 - PC18
via Ettelbruck : PC15 - PC12 - PC17 - PC18
via Esch/Alzette : PC8 - PC6 - PC12 - PC17 - PC18